factograf
LB

däitsche Wëssenschaftler

Friedrich Wilhelm Bessel

Friedrich Wilhelm Bessel

Key facts

Gebuertsdatum22. Juli 1784
Doudesdatum17. Mäerz 1846
SchoulenRatsgymnasium Minden
AktivitéitAstronom, Mathematiker, Universitéitsprofesser
GebuertsplazMinden
DoudesplazKönigsberg
bestuet matJohanna Bessel
EmployeurObservatoire Königsberg
AuszeechnungPour le Mérite fir Wëssenschaft a Konscht
beschriwwen anSvensk uppslagsbok
All data from the card 11
Gebuer
22. Juli 1784Minden
Gestuerwen
17. Mäerz 1846Königsberg
Alter
61 Joer
Nationalitéit
Kinnekräich Preisen
Educatioun
Ratsgymnasium Minden
Aktivitéit
Astronom, Mathematiker, Universitéitsprofesser, Physiker
Auszeechnungen
Pour le Mérite fir Wëssenschaft a Konscht, Lalande-Präis, Goldmedail vun der Royal Astronomical Society, Foreign Member of the Royal Society
Bestuet mat
Johanna Bessel (1812–)
Mamm
Friederike Ernestine Schrader
Geschwëster
Moritz Carl Bessel, Theodor Ludwig Bessel, Amalia Bessel
Kanner
Friederike Elisabeth Bessel, Johanna Bessel, Johanne Marie Erman

De Friedrich Wilhelm Bessel, gebuer den 22. Juli 1784 zu Minden a Westfalen, a gestuerwen de 17. Mäerz 1846 zu Königsberg haut: Kaliningrad (Russland), war e bekannten däitsche Wëssenschaftler vum 19. Joerhonnert. En huet als Astronom, Mathematiker a Geodet geschafft.

De Bessel war een Zäitgenosse vun Carl Friedrich Gauß. Si goufen allebéid mat Vermiessunge betraut. Een deemolegen Defizit vun der Geodesie war déi ongenee Kenntnes vun der Äerdfigur. Déi bekannt Bessel-Ellipsoid (publizéiert 1841) berout op engem grousse Vermiessungsnetz an Europa an an Asien a gëtt bis haut nach fir Landvermiessungen a ville Staate gebraucht (z. B. Däitschland an Éisträich).

An der Astronomie, besonnesch bei der Berechnung vu Koméitebunnen, gouf hie vum Wilhelm Olbers ënnerstëtzt. Säi gréissten astronomeschen Erfolleg war 1838 déi éischt erfollegräich Parallaxemiessung vun der Distanzbestëmmung vum Stär 61 Cygni.

Nom Bessel gouf e grousse Moundkrater am Mare Serenitatis benannt. Och den Asteroid (1552) huet den Numm Bessel. Den däitsche Sculpteur Jürgen Goertz huet e Monument mat dem Bessel-Ee (Äerdellipsoid) zu Bremen geschafft.

E bësschen aus sengem Liewen

Tabulae Regiomontanae reductionum observationum astronomicarum ab anno 1750 usque ad annum 1850 computatae, 1830
Tabulae Regiomontanae reductionum observationum astronomicarum ab anno 1750 usque ad annum 1850 computatae, 1830

Bei de Studien ass de Bessel um Thomas Harriot seng Observatiounsdate iwwer de Koméit Halley vu 1607 gestouss. Doropshi wollt hien d'Bunn vum Koméit berechnen. Déi néideg Kenntnesser krut hie vum Jerome Lalande mat dem Buch "Lehrbegriff der Astronomie" a vun der verëffentlechter Ofhandlung fir Bunnbestëmmunge vu Koméite vum Heinrich Wilhelm Olbers 1797. Den Olbers huet och zu Bremen gelieft. Deen huet do als Dokter praktizéiert, an niewebäi war hien am Observatoire zu Lilienthal beschäftegt. Den Olbers huet 1804 d'Talent vum Bessel erkannt an huet him astronomesch Schrëften zoukomme gelooss.

Am Joer 1806 huet de Bessel säi kaufmännesche Beruff opginn, an ass vum Johann Hieronymus Schröter als Inspekter am Lilienthaler Observatoire agestallt ginn. Op Rot vum Olbers ass de Bessel 1810 Astronomieprofesser zu Königsberg ginn an Direkter vun engem neien Observatoire zu Königsberg 1812.

De Bessel huet e Stärekatalog mat 3000 Stären, am Joer 1818 fäerdeg gestallt. Doriwwer eraus huet hien ëmfangräich Miessunge vu ville Fixstäre gemaach. Nieft sengen Aarbechten op dem Gebitt vun der Astronomie huet de Bessel wichteg Bäiträg zur Mathematik an zur Geodesie geliwwert.

Nom F.W. Bessel benannt

  • Bessel-Ellipsoid an der Geodesie
  • Bessel-Punkten
  • Bessel-Epoch
  • Bessel-Verfaren an der Optik
  • Besselfilter

Read next

In 65 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article