De Fred Berend, gebuer de 25. Mäerz 1965, ass e lëtzebuergesche Schachspiller an -trainer, dee fir de Cercle des échecs Dudelange spillt (Saison 2009/2010). 1994 krut hien den Titel vum Internationale Meeschter.
Seng maximal erreecht Elo-Zuel louch bei 2.425 (Januar/Juli 1996); am Juli 2012 louch dës bei 2.373, woumat hien dunn deen drëttstäerkste lëtzebuergesche Schachspiller war. Am Juli 2010 stoung hien op Plaz 2.671 vun der Weltranglëscht.
Seng Fra Elvira ass och Schachspillerin. Hien huet 2 Kanner.
Um Spaweck
- De Fred Berend beim Weltschachbond FIDE (en)
- De Fred Berend bei der lëtzebuergescher Schachfederatioun (fr)
- De Fred Berend op chessgames.com (en)
