| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Football League Championship (och npower League Championship genannt) ass déi zweethéchst Spillklass am englesche Foussball Liga System. Et spille 24 Veräiner mat an et gëtt mat Hin- a Réckronn gespillt, soudatt bis zum Enn vun der Saison all Ekipp 46 Matcher gespillt huet. Wann d'Saison eriwwer ass, steigen déi 2 beschtplazéiert Veräiner an d'Premier League op, an en 3. Opsteiger gëtt an enger Play-off Ronn tëscht deene 4 Veräiner déi op den 3. bis 6. Plaze stinn ermëttelt. Gläichzäiteg mussen och 3 Veräiner an d'Football League One ofsteigen, an et kommen der jeeweils 3 aus deenen Divisioune bäi.
An der Saison 2009/10 spillen déi follgend Veräiner am Championship:
- Newcastle United FC (ofgestigen aus der Premier League)
- Middlesbrough FC (ofgestigen aus der Premier League)
- West Bromwich Albion FC (ofgestigen aus der Premier League)
- Sheffield United FC
- Reading FC
- Preston North End FC
- Cardiff City FC
- Swansea City FC
- Ipswich Town FC
- Bristol City FC
- Queens Park Rangers FC
- Sheffield Wednesday FC
- Watford FC
- Doncaster Rovers FC
- Crystal Palace FC
- Blackpool FC
- Coventry City FC
- Derby County FC
- Nottingham Forest FC
- Barnsley FC
- Plymouth Argyle FC
- Leicester City FC (opgestigen aus der Football League One)
- Peterborough United FC (opgestigen aus der Football League One)
- Scunthorpe United FC (opgestigen aus der Football League One)
Net méi dobäi sinn aus der Saison 2008/09 d'Veräiner
- Wolverhampton Wanderers FC (opgestigen an d'Premier League)
- Birmingham City FC (opgestigen an d'Premier League)
- Burnley FC (opgestigen an d'Premier League)
- Norwich City FC (ofgestigen an d'Football League One)
- Southampton FC (ofgestigen an d'Football League One)
- Charlton Athletic FC (ofgestigen an d'Football League One)
