De Fjodor Michailowitsch Dostojewski (Фёдор Михайлович Достоевский), gebuer den 11. November 1821 zu Moskau, a gestuerwen den 9. Februar 1881 zu Sankt Péitersbuerg, war e russesche Schrëftsteller.
A senge Bicher schreift en dacks iwwer Personnagen déi an ärmleche Verhältnesser liewen, an och soss an enger Kris stiechen. E liwwert doduerch sou munnech déif Asiichten an d'mënschlech Psychologie, gradewéi gutt Analyse vun der politescher, sozialer a spiritueller Situatioun a Russland zu senger Zäit.
Seng bekanntst Wierker si wuel:
- Преступление и наказание - D'Verbriechen an d'Strof (1866)
- Игрок - De Spiller (1866)
- Идиот - Den Idiot (1868)
- Бесы - D'Däiwelen (1871-1872)
- Братья Карамазовы - D'Bridder Karamasow (1880–1881)
Um Spaweck
Commons: Fjodor Dostojewski – Biller, Videoen an Audiodateien
