D'Emily Jane Brontë, gebuer den 30. Juli 1818 zu Thornton, Yorkshire, a gestuerwen den 19. Dezember 1848 zu Haworth, Yorkshire, war eng brittesch Schrëftstellerin, déi duerch hiren eenzege Roman Wuthering Heights bekannt gouf. Si huet selwer just ënner hirem Pseudonym Ellis Bell publizéiert.
D'Emily Brontë war déi kleng Schwëster vun der Charlotte Brontë, déi, wéi och hir 2 gemeinsam aner Gesëschter Brandwell an Anne, gär geschriwwen huet.
D'Emily Brontë huet sech nieft dem Schreiwen och fir d'Natur intresséiert, an huet, no engem Openthalt zu Bréissel, Franséisch geschwat, an hat Latäin an Algriichesch geléiert.
1846 hunn déi dräi Schwësteren e Gedichtband Poems erausbruecht, an dat Joer drop huet d'Emily hiren eenzege Roman, Wuthering Heights, publizéiert, deen haut zu de Klassiker vun der englescher Literatur gezielt gëtt.
Si ass 1848 un enger Longekränkt (Tuberkulos oder Longenentzündung) gestuerwen.
Um Spaweck
Commons: Emily Brontë – Biller, Videoen an Audiodateien
