factograf
LB

US-amerikanesch Professesch fir Politikwëssenschaft

Elinor Ostrom

Elinor Ostrom

Key facts

Gebuertsdatum7. August 1933
Doudesdatum12. Juni 2012
SchoulenUniversitéit vu Kalifornien zu Los Angeles
AktivitéitEkonomist, Politolog, Universitéitsprofesser
GebuertsplazLos Angeles
DoudesplazBloomington
EmployeurIndiana University
FonctiounPresident
AuszeechnungPräis vun der Schweedescher Räichsbank fir Ekonomie
WierkerUnderstanding Institutional Diversity
All data from the card 12
Gebuertsnumm
Elinor Claire Awan
Gebuer
7. August 1933Los Angeles
Gestuerwen
12. Juni 2012Bloomington
Alter
78 Joer
Doudesursaach
Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit
USA
Educatioun
Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles,Beverly Hills High School
Aktivitéit
Ekonomistin, Politologin, Universitéitsprofessesch
Fonctioun
Presidentin
Member vun
National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, American Association for the Advancement of Science
Auszeechnungen
Präis vun der Schweedescher Räichsbank fir Ekonomie
Bestuet mat
Vincent A. Ostrom


D'Elinor Ostrom, gebuer de 7. August 1933 zu Los Angeles als Elinor Claire Awan, a gestuerwen den 12. Juni 2012 zu Bloomington, Indiana, war eng US-amerikanesch Professesch fir Politikwëssenschaft op der Indiana University zu Bloomington. Mat hirem Mann Vincent Ostrom zielt si zu de Grënner vun der Bloomington School.

2009 krut si, als éischt Fra, den Nobelpräis fir Ekonomie, nieft dem Oliver E. Williamson, fir gewisen ze hunn, wéi ee gemeinschaftleche Besëtz mat Succès vun enger Benotzerorganisatioun geréiert ka ginn.

Allgemeng war hiert Haaptfuerschungsgebitt d'Fro, wéi d'Mënschen an a mat hirem Ekosystem nohalteg interagéiere kënnen.

Hiert bekanntst Wierk ass Governing the Commons: The Evolution of Institutions for Collective Action (1990), an deem se sech domat befaasst, wéi sech kollektiivt Handele bei knappse Ressourcen, déi zesumme benotzt ginn ("Allmenden", Gemeinschaftsgidder), äussert.

Als Resümmee vun hirer Fuerschung nennt d'Ostrom follgend Prinzipie fir datt Allmende-Systemer mat Succès geréiert kënne ginn.

  1. Kloer definéiert Grenzen an eng effektiv Méiglechkeet, Net-Berechtegter auszeschléissen.
  2. D'Reegelen, wéi d'Ressourcë vun Allmenden ugëeegent a presentéiert ginn, mussen de lokale Konditiounen ugepasst sinn.
  3. D'Benotzer musse bei Decisiounen iwwer Ännerunge vun de Benotzungsbedéngunge matmaache kënnen, soudatt déi, wann néideg optiméiert kënne ginn.
  4. D'Reegele mussen agehalen an iwwerwaacht ginn.
  5. Graduell Sanctionnéierungsméiglechkeete bei Verstéiss géint d'Reegelen.
  6. Mechanisme fir Konflikter ze léisen.
  7. Iwwergeuerdent Regierungsautoritéite mussen d'Selbstbestëmmung vun der Communautéit unerkennen.

Publikatiounen

  • Was mehr wird, wenn wir teilen. Vom gesellschaftlichen Wert der Gemeingüter. Mam Silke Helfrich (Hrsg.), Oekom Verlag, München 2011. ISBN 978-3-86581-251-3
  • Gemeingütermanagement – eine Perspektive für bürgerschaftliches Engagement [Governing a Commons from a Citizen's Perspective]. In: Silke Helfrich/Heinrich-Böll-Stiftung (Hrsg): Wem gehört die Welt? Zur Wiederentdeckung der Gemeingüter [1], S. 218–228, Oekom Verlag, München 2009. ISBN 978-3-86581-133-2
  • Understanding Knowledge as a Commons. From Theory to Practice. Mam Charlotte Hess (Hrsg.), The MIT Press, Cambridge, Massachusetts 2007, ISBN 0-262-08357-4
  • Trust and Reciprocity. Interdisciplinary Lessons for Experimental Research. (Elinor Ostrom und James Walker (Hrsg.): Russell Sage Foundation Series on Trust, Band 6). Russell Sage Foundation, New York 2003, ISBN 0-87154-647-7
  • A Grammar of Institutions. Mit Sue E. S. Crawford, in: Elinor Ostrom (Hrsg.): Understanding Institutional Diversity. Princeton University Press, Princeton, NJ 2005, S. 137–174. Originally published in: American Political Science Review. Band 89, Nr. 3, September 1995, S. 582–600. Reprinted in: Michael McGinnis (Hrsg.): Polycentric Games and Institutions. Readings from the Workshop in Political Theory and Policy Analysis. University of Michigan Press, Ann Arbor 2000, S. 114–155, ISBN 0-472-06714-1
  • Rules, Games, and Common-Pool Resources. Mam James Walker a R. Gardner, Michigan University Press, Ann Arbor 1994. ISBN 0-472-06546-7
  • Institutional Incentives and Sustainable Development. Infrastructure Policies in Perspective. Mam Larry Schroeder a Susan Wynne, Westview Press, Boulder 1993, ISBN 0-8133-1619-7
  • Crafting Institutions for Self-Governing Irrigation Systems. ICS Press, San Francisco 1992, ISBN 1-55815-168-0
  • Governing the Commons: The Evolution of Institutions for Collective Action [2]. Cambridge University Press, Cambridge 1990, ISBN 0-521-40599-8
    • Dt.: Die Verfassung der Allmende: jenseits von Staat und Markt. Mohr, Tübingen 1999, ISBN 3-16-146916-X
  • An Agenda for the Study of Institutions. In: Public Choice. Band 48, Nr. 1, Januar 1986, S. 3–25. Reprinted in: Claude Menard (Hrsg.): The Foundations of the New Institutional Economics. Band 1, Edward Elgar, Cheltenham, UK 2004, S. 429–451. Reprinted in: Michael McGinnis (Hrsg.): Polycentric Games and Institutions. Readings from the Workshop in Political Theory and Policy Analysis. University of Michigan Press, Ann Arbor 2000, S. 89–113, ISBN 0-472-06714-1
  • Handeln statt Warten: Ein mehrstufiger Ansatz zur Bewältigung des Klimaproblems In: Leviathan – Berliner Zeitschrift für Sozialwissenschaft 39/2011, S. 267–278, DOI 10.1007/s11578-011-0114-1.

Read next

In 81 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article