factograf
LB

Client-Server-Modell

Client-Server-Modell

De Client-Server-Modell ass e Modell aus der Informatik a beschreift d'Méiglechkeet, Aufgaben an Déngschter an engem Computernetzwierk ze verdeelen. Déi Aufgabe gi vu Computerprogrammer gemaach, déi a Clients an a Serveren ënnedeelt sinn.

De Client kann op Wonsch en Déngscht vum Server ufuerderen. Der Server (oder ""Host") äntwert op déi Ufuerderung. De Server kann um selwechte Computer sinn, mee ass dacks op engem anere Computer am selwechten Netzwierk.

Generell kann ee Server fir méi wéi ee Client gläichzäiteg schaffen, an e Client ka mat méi wéi engem Server kommunizéieren.

Read next

In 50 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article