factograf
LB

chrëschtlech Helleg a Mystikerin

Catherine vu Siena

Catherine vu Siena

Key facts

Gebuertsdatum25. Mäerz 1347
Doudesdatum29. Abrëll 1380
AktivitéitUerdensschwëster, Politiker, Philosoph
GebuertsplazSiena
DoudesplazRoum
FonctiounAmbassadeur
All data from the card 9
Titel
Ambassadeur
Gebuertsnumm
Caterina di Jacopo di Benincasa, Caterina di Jacopo di Benincasa
Gebuer
25. Mäerz 1347 jul.Siena
Gestuerwen
29. Abrëll 1380 jul.Roum
Alter
33 Joer
Doudesursaach
Hiereschlag
Aktivitéit
Uerdensschwëster,Politiker,Philosoph,Diplomat,Schrëftsteller,Mystiker
Statut
Hellegen (1461)
Gedenkdag
29. Abrëll
Libro della divina dottrina, c. 1475
Libro della divina dottrina, c. 1475
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Helleger Catherine vu Siena. Fir aner Helleger déi Catherine heeschen, kuckt wgl. Helleg Catherine.

D'Helleg Catherine vu Siena, gebuer de 25. Mäerz 1347 zu Siena, a gestuerwen den 29. Abrëll 1380 zu Roum, ass eng chrëschtlech Helleg a Mystikerin. Hiert Fest ass den 29. Abrëll.

Liewen

D'Catherine gouf als e Kand an der adeleger Famill Benincasa gebuer. De Poopst huet zu där Zäit zu Avignon residéiert. Mat sechs oder siwe Joer hat si hir éischt Visioun, an där si wéi et schéngt de Jesus zesumme mat den Apostele Péitrus, Paulus a Johannes gesinn huet. Nach als jonkt Meedchen huet si versprach, fir ëmmer eng Jongfra ze bleiwen. Wéi hir Eltere si mat 12 Joer engem Mann versprieche wollten, huet si sech geweigert, hien ze bestueden.

1363, mat 16 Joer, ass d'Catherine an en Dominikaneruerde gaangen, erëm géint de Wëlle vun hiren Elteren. Si huet am Gebiet zeréckgezu gelieft, bis eng nei Visioun hir kloer gemaach huet, datt si sech an den Déngscht vun den Aarme stellen a Kranker fleege sollt. Ausserdeem huet si ugefaangen, ëffentlech zu Froen, déi d'Kierchepolitik ugoungen, hir (dacks kritesch) Meenung ze soen, wat zu där Zäit virun allem fir Fraen ongewéinlech war. A Bréiwer un héichgestallt Perséinlechkeeten huet si fir eng grëndlech Reform vun der Kierch plädéiert. 1374 gouf si dowéinst virun eng Versammlung vu wichtege Representante vun hirem Uerden zitéiert, dann awer fräigesprach. Vun do un huet si am Optrag vun der Kierch däerfe reesen a priedegen.

Hir Reputatioun huet sech séier verbreet a vill Leit hu si ëm Rot gefrot, souguer de Poopst selwer. 1376 ass d'Catherine op Avignon gereest, fir den deemolege Poopst Gregor XI. z'iwwerzeegen, zeréck op Roum ze kommen. Wärend dem grousse Schisma huet si sech fir d'Eenheet vun der Kierch agesat.

Den 29. Abrëll 1380 ass si mat 33 Joer gestuerwen. Si gouf an der Dominikanerkierch Santa Maria sopra Minerva zu Roum begruewen.

Duerstellung

D'Catherine vu Siena gëtt gemenkerhand mat enger Dominikanertenue, engem (flamenden) Häerz, enger Stigmata, engem Rousekranz, oder engem Doudekapp duergestallt.

Veréierung

D'Catherine gouf:

Si gëtt als Patréinesch vun den Infirmieren, Wäschfraen, Parsekretärinnen, de Leit déi stierwen, de Laien an den Dominikaneruerden, als Preventioun géint Feier, géint Kappwéi a géint d'Pescht veréiert.

Kuckt och

Read next

In 66 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article