factograf
LB

Europäesch Organisatioun fir Kärfuerschung

CERN

CERN

Key facts

Grënnungsdatum / Baudatum29. September 1954
Héicht i. M.422m
ass en(g)international Organisatioun
LandSchwäiz
VerwaltungseenheetPrévessin-Moëns
offiziell SproochEnglesch

Den CERN, déi Europäesch Organisatioun fir Kärfuerschung, ass eng Groussfuerschungsariichtung bei Meyrin am Kanton Genf an der Schwäiz.

Den Akronym CERN leet sech vum franséischen Numm vum Rot of, dee mat der Grënnung vun der Organisatioun beopdragt war, dem Conseil Européen pour la Recherche Nucléaire. Déi offiziell Nimm vum CERN sinn European Organization for Nuclear Research am Engleschen, respektiv Organisation Européenne pour la Recherche Nucléaire am Franséischen.

Am CERN gëtt physikalesch Grondlagefuerschung bedriwwen, bekannt ass et virun allem fir seng grouss Deelchebeschleuneger.

Zur Zäit huet de CERN 20 Memberstaaten. Mat senge ronn 3.150 Mataarbechter (Stand: 31. Dezember 2010) ass de CERN dat weltgréisst Fuerschungszentrum um Gebitt vun der Deelerchersphysik. Iwwer 10.000 Gaaschtwëssenschaftler aus 85 Natioune schaffen un CERN-Experimenter. De Joresbudget vum CERN war am Joer 2010 ongeféier 1,11 Milliarde Schwäizer Frang (zirka 850 Milliounen Euro).

Kuckt och

Read next

In 96 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article