Zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg an an der direkter Ëmgéigend sinn déi geleefeg Uebstbeem an de Bongerten Äppel- Bieren-, Quetschen-, Prommen-, Mirabellen-, Réngglotten- oder Kiischtebeem.
An de Bongerte sinn et meeschtens Héichstämm-Uebstbeem.[Quell?] Bei den Äppelbeem sinn et traditionell déi al Zorten, se si méi robust a manner ufälleg fir Krankheeten.
2024 goufen zu Lëtzebuerg 1.472 Tonnen Äppel statistesch erfaasst. Dovu waren 975 Tonnen Ieesäppel.
Um Spaweck
Commons: Bongerten – Biller, Videoen an Audiodateien
- Informatiounen iwwert d'Bongerten op der Websäit vun natur&ëmwelt
