factograf
LB
Sign in

Blake Edwards

Blake Edwards
All data from the card 11
Gebuertsnumm
William Blake Crump
Gebuer
26. Juli 1922Tulsa
Gestuerwen
15. Dezember 2010Santa Monica
Alter
88 Joer
Doudesursaach
Longenentzündung
Nationalitéit
USA
Aktivitéit
Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Sculpteur, Regisseur
Member vun
WGA West
Auszeechnungen
Writers Guild of America Award, Éierenoscar, Stär um Hollywood Walk of Fame
Bestuet mat
Patricia Walker (1953–1967),Julie Andrews (1969–15.12.2010)
Kanner
Geoffrey Edwards

De William Blake McEdwards, bekannt als Blake Edwards, gebuer de 26. Juli 1922 zu Tulsa (Oklahoma), a gestuerwen de 15. Dezember 2010 zu Santa Monica (Kalifornien), war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.

Hien huet seng Karriär an den 1940er Joren als Schauspiller ugefaangen. Duerno huet hien eng sëllegen Dréibicher a Radios-Lauschterspill-Serië geschriwwen. 1955 huet hien eng éischt Kéier Regie gefouert (Bring Your Smile Along). Seng Televisiounsserie Peter Gunn hat e grousse Succès.

Zu senge bekanntste Wierker ziele Kaméidisfilmer, virop d'Pink Panther-Serie an The Party, all Kéier mam Peter Sellers an der Haaptroll, mä och méi eescht Filmer, wéi Breakfast at Tiffany's (1961), mat der Audrey Hepburn a man George Peppard, oder Days of Wine and Roses (1962), mam Jack Lemmon.

2004 krut de Blake Edwards den Éierenoscar fir säi Liewenswierk.

Filmographie (als Regisseur)

Kino

Televisioun

  • Four Star Playhouse (1954)
  • Peter Gunn (Serie, 1958)
  • Mr. Lucky (Serie, 1959)
  • Julie and Dick at Covern Garden (1973)
  • Justin Case (1988)
  • Peter Gunn (1989)
  • Victor/Victoria (1995)

In 54 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article