factograf
LB

grousse Museksensembel, dee Wierker aus dem Jazzrepertoire interpretéiert

Bigband

Bigband

Eng Bigband ass e grousse Museksensembel, dee Wierker aus dem Jazzrepertoire interpretéiert, virum allem am Museksstil Swing, dee vun 1930 bis 1945 seng Glanzzäit hat.

Den Numm Bigband staamt vum Engleschen "big band", wat "grousse Museksensembel" bedeit.

Eng Bigband besteet fir gewéinlech aus véier Sektiounen:

  1. 4-5 Saxofonen
  2. 4 Zuchposaunen
  3. 4-5 Trompetten
  4. D'Rythmussektioun, déi gewéinlech aus Piano, Kontrabass a Schlogezei besteet, woubäi dacks och eng Jazzgittar derbäi ass.

Bigbanden zu Lëtzebuerg

Déi éischt Bigband zu Lëtzebuerg gouf 1950 vum Jempi Faust (1929-1995) gegrënnt. Si huet vun 1950 bis 1951 existéiert. Zu Lëtzebuerg gëtt et 15 Bigbanden (Stand 2026).

Read next

In 42 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article