factograf
LB

däitsche Schrëftsteller a Regisseur

Bertolt Brecht

Bertolt Brecht

Key facts

Gebuertsdatum10. Februar 1898
Doudesdatum14. August 1956
SchoulenUniversitéit vu München
AktivitéitDramatiker, Liddertexter, Dréibuchauteur
GebuertsplazAugsburg
DoudesplazOst-Berlin
All data from the card 15
Gebuertsnumm
Eugen Berthold Friedrich Brecht
Pseudonym
Bertolt Brecht, Berthold Larsen
Gebuer
10. Februar 1898Augsburg
Gestuerwen
14. August 1956Ost-Berlin
Alter
58 Joer
Doudesursaach
Häerzschlag
Nationalitéit
Däitscht Keeserräich, DDR, Weimarer Republik, Éisträich
Educatioun
Universitéit vu München
Aktivitéit
Dramatiker, Liddertexter, Dréibuchauteur, Theaterregisseur, Dichter, Librettist, Literaturkritiker, Schrëftsteller, Filmregisseur, Regisseur, Schauspiller, Theaterintendant, Museker
Member vun
Akademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR
Bestuet mat
Marianne Zoff (3.11.1922–9.1927),Helene Weigel (10.4.1929–14.8.1956)
Liewenspartner(in)
Paula Banholzer
Mamm
Sophie Brezing
Geschwëster
Walter Brecht
Kanner
Hanne Hiob, Barbara Brecht-Schall, Michel Berlau, Frank Banholzer

De Bertolt Brecht, och nach Bert Brecht, gebuer den 10. Februar 1898 zu Augsburg als Eugen Berthold Friedrich Brecht, a gestuerwen de 14. August 1956 zu Berlin, war en däitsche Schrëftsteller a Regisseur.

Säi Liewen

Dem Bertolt Brecht säi Studium vun den Naturwëssenschaften, der Medezin a virun allem der Literatur gouf 1918 duerch säin Déngscht als Sanitäter an engem Lazarett ënnerbrach. Wärend där Zäit gouf de Bertolt Brecht e fervente Krichsgéigner.

1918 huet de Bertolt Brecht säin éischt Wierk Baal, een anarchistescht-nihilistescht an expressionistescht Drama, geschriwwen.

1922 gouf Baal zu München, wou de Bertolt Brecht als Dramaturg geschafft huet, fir d'éischt gespillt. Mat dësem Stéck huet de Bertolt Brecht seng Renommée als Dramaturg kritt.

1924 bis 1926 huet de Bertolt Brecht als Dramaturg zu Berlin geschafft an de Marxismus intensiv studéiert.

1933 ass de Bertolt Brecht, deen an der Tëschenzäit en iwwerzeegte Sozialist gi war, zesumme mat senger Fra Helene Weigel aus Däitschland geflücht, an no Tëschestatiounen (ënner anerem zu Moskau (1935-1939)), 1941 an den USA ukomm.

Nom Zweete Weltkrich ass de Brecht, dem déi Alliéiert d'Arees an d'Westzone verweigert hunn op Ost-Berlin geplënnert.

1949 huet de Bertolt Brecht zesumme mat senger Fra de Berliner Ensemble gegrënnt. Dëse war eng wichteg Experimentéierbün an Europa.

D'Resignatioun am Bertolt Brecht senge Wierker déi nom Bau vun der Berliner Mauer entstane sinn ass onverkennbar.

Säi Wierk

Stécker (chronologesch)

  • Baal
  • Trommeln in der Nacht
  • Im Dickicht der Städte
  • Leben Eduards des Zweiten von England
  • Mann ist Mann
  • Die Dreigroschenoper
  • Aufstieg und Fall der Stadt Mahagonny
  • Der Ozeanflug
  • Das Badener Lehrstück vom Einverständnis
  • Der Jasager und der Neinsager
  • Die Maßnahme
  • Die Heilige Johanna der Schlachthöfe
  • Die Ausnahme und die Reegel
  • Die Mutter
  • Die Rundköpfe und die Spitzköpfe
  • Die Horatier und die Kuratier
  • Die unwürdige Greisin
  • Furcht und Elend des Dritten Reiches
  • Die Gewehre der Frau Carrar
  • Leben des Galilei
  • Mutter Courage und ihre Kinder
  • Das Verhör des Lukullus
  • Der gute Mensch von Sezuan
  • Herr Puntila und sein Knecht Matti
  • Der aufhaltsame Aufstieg des Arturo Ui
  • Die Geschichte der Simone Machard
  • Schweyk im Zweiten Weltkrieg
  • Der kaukasische Kreidekreis
  • Die Tage der Commune
  • Turandot oder Der Kongreß der Weißwäscher
  • eng Beaarbechtung vun der Antigone (1947)

Eenakter

  • Die Kleinbürgerhochzeit,
  • Der Bettler oder Der tote Hund,
  • Er treibt einen Teufel aus,
  • Lux in Tenebris,
  • Der Fischzug,
  • Dansen,
  • Was kostet das Eisen?,
  • Die sieben Todsünden der Kleinbürger

Lyrik

  • Die Hauspostille,

ausgewielt Gedichter a Lidder:

Choral vom Manne Baal, Ballade von den Seeräubern, Die Legende vom toten Soldaten, Der Schneider von Ulm, An die Nachgeborenen, Die Lösung, Mein Bruder war ein Flieger, Fragen eines lesenden Arbeiters, Erinnerung an die Marie A., Schlechte Zeit für Lyrik

Prosa

  • Bargan läßt es sein,
  • Geschichten vom Herrn Keuner,
  • Dreigroschenroman,
  • Flüchtlingsgespräche,
  • Kalendergeschichten,
  • Kinderkreuzzug,
  • Die Geschäfte des Herrn Julius Cäsar

Um Spaweck

 Commons: Bertolt Brecht – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 110 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article