factograf
LB
Sign in

BL Lacertae

BL Lacertae

De BL Lacertae ass e verännerlechen aktive galaktesche Kär. Et ass de Prototyp deen enger Klass vu Blazaren, de BL-Lacertae-Objeten den Numm ginn huet.

De BL Lacertae (kuerz BL Lac) gouf 1929 vum Cuno Hoffmeister wéinst senger verännerlecher Hellegkeet a stärenaarteger Kompaktheet als verännerleche Stär ugeholl an och deemno wéi e verännerleche Stär klassifizéiert.

1968 gouf deen Objet vum J. L. Schmitt als eng Radioquell identifizéiert an e schwaachen niwwelaartegen Objet gouf ronderëm festgestallt. An engem 1973 erfuerschte Spektrum vum Objet konnten den J.B. Oke an den James E. Gunn Absorptiounslinne feststellen, déi s'als Galaxie mat enger Routverrécklung vun 0,07 a sou mat enger Distanz vu ronn 900 Millioune Liichtjoer identifizéiert hunn. Bei BL Lacertae-Objeten erschéngt de Kär wéinst engem Matièrestral (Jet), besonnesch hell an iwwerstraalt d'Galaxie déi rondrëm kreest, sou staark, datt si och mat haitege Methoden nëmme schwéier oder guer net z'ënnersichen ass.

D'Hellegkeet vum BL Lacertae variéiert tëscht der 14. a 17. Magnitude.

Positioun um Himmel fir d'Equinoxe J2000.0:

Um Spaweck

  • SIMBAD entry
  • Variable Star of the Month AAVSO. January, 2001: BL Lacertae

Read next

In 17 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article