factograf
LB
Sign in

US-amerikanesche Filmregisseur a -produzent

Arthur Penn

Arthur Penn

Key facts

Gebuertsdatum27. September 1922
Doudesdatum28. September 2010
AktivitéitFilmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur
GebuertsplazPhiladelphia
DoudesplazManhattan
EmployeurBard College
All data from the card 8
Gebuer
27. September 1922Philadelphia
Gestuerwen
28. September 2010Manhattan
Alter
88 Joer
Doudesursaach
Häerzschwächt
Nationalitéit
USA
Aktivitéit
Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Theaterregisseur, Televisiounsproduzent, Regisseur
Auszeechnungen
Gëllenen Éierebier
Geschwëster
Irving Penn

Den Arthur Penn, gebuer de 27. September 1922 zu Philadelphia, a gestuerwen den 28. September 2010 zu New York, war en US-amerikanesche Filmregisseur a -produzent. Hie gouf virun allem bekannt duerch seng Filmer Bonnie and Clyde a Little Big Man.

Nodeem de Pen eng Zäitchen Televisiounsfilmer gedréint huet, huet hien 1958 fir säin éischte Spillfilm The Left Handed Gun Regier gefouert; e Western mam Paul Newman an der Haaptroll. Säin nächste Film war iwwer déi blann an daf Helen Keller, The Miracle Worker (1962). 1959 hat hie schonn Regie beim Theaterstéck mam Theema Regie gefouert. 1965 koum säi Film Mickey One mam Warren Beatty eraus. 1966 huet e The Chase mam Robert Redford gedréint. 1967 koum Bonnie and Clyde eraus, 1969 Alice's Restaurant an 1970 Little Big Man mam Dustin Hoffman.

An den 1970er huet den Arthur Penn beim Thriller Night Moves (1975, mam Gene Hackman) a bei der Westernkamméidistéck The Missouri Breaks (1976, mam Jack Nicholson) Regie gefouert.

An den 1980er Jore koumen ë. a. Target an Dead of Winter no, déi manner Succès haten.

Hie war de Brudder vum Fotograf Irving Penn

Filmographie

Kino

TV (Auswiel)

  • 1996: Flesh and Blood - Acteuren: Edmond O'Brien, E.G. Marshall
  • 1996: The Portrait - Acteuren: Gregory Peck, Lauren Bacall
  • 1996: Inside - Acteuren: Nigel Hawthorne, Eric Stoltz

Read next

In 45 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article