factograf
LB

iranesche Dréibuchauteur, Filmregisseur a Lyriker

Abbas Kiarostami

Abbas Kiarostami

Key facts

Gebuertsdatum22. Juni 1940
Doudesdatum4. Juli 2016
AktivitéitFilmregisseur, Dréibuchauteur, Fotograf
GebuertsplazTeheran
Doudesplaz14. Arrondissement
AuszeechnungOfficier vun der Légion d'honneur
All data from the card 7
Gebuer
22. Juni 1940Teheran
Gestuerwen
4. Juli 201614. Arrondissement
Alter
76 Joer
Doudesursaach
Mokriibs
Nationalitéit
Iran
Aktivitéit
Filmregisseur, Dréibuchauteur, Fotograf, Filmproduzent, Dichter, Filmediteur, Schauspiller, Moler, Sculpteur, Kameramann, Grafiker, Illustrateur, Fotoreporter, Redakter, Regisseur, Schrëftsteller
Auszeechnungen
Officier vun der Légion d'honneur, Palme d'or

Den Abbas Kiarostami (Persesch: عباس كيارستمى), gebuer den 22. Juni 1940 zu Teheran, a gestuerwen de 4. Juli 2016 zu Paräis, war en iraneschen Dréibuchauteur, Filmregisseur a Lyriker.

1974 koum säin éischte Laangfilm, Mossafer, eraus. Géint Enn vun den 1980er Jore gouf de Kiarostami duerch säi Film Khane-ye doust kodjast? och international bekannt.

1997 krut hien um Festival vu Cannes d'Gëlle Palm fir säi Film Ta'm e guilass ("De Goût vun der Kiischt"). Zwee Joer dop krut hien um Festival vu Venedeg verschidde Präisser fir säi Film Bad ma-ra khahad bord.

Hien huet och Gedichter geschriwwen, 1999 koum zu Teheran eng Sammlung vun 221 kurezen, liichten, ma lakonesch-kräftegen Texter, eraus.

Filmographie

  • 1970: Nan va Kutcheh
  • 1972: Zang-e Tafrih
  • 1973: Tadschrobeh
  • 1974: Mossafer
  • 1975: Manam Mitunam
  • 1975: Do Rahehal baraye yek Massaleh
  • 1976: Rang-ha
  • 1976: Lebasi baraye Arusi
  • 1977: Gozaresh
  • 1977: Bozorgdasht-e mo'allem
  • 1977: Az Oghat-e Faraghat-e Khod Chegouneh Estefadeh Konim?
  • 1978: Rah-e Hal-e Yek
  • 1979: Ghazieh-e Shekl-e Aval, Ghazieh-e Shekl-e Do Wom
  • 1980: Behdaasht-e Dandan
  • 1981: Be Tartib ya Bedun-e Tartib
  • 1982: Hamsarayan
  • 1983: Hamshahri
  • 1983: Dandan Dard
  • 1984: Avaliha
  • 1988: Khane-ye doust kodjast?
  • 1989: Mashgh-e Shab
  • 1990: Nema-ye Nazdik
  • 1992: Zendegi va digar hitch
  • 1994: Zire darakhatan zeytun
  • 1995: À propos de Nice, la suite
  • 1997: Ta'm e guilass
  • 1999: Bad ma-ra khahad bord
  • 2001: ABC Africa
  • 2002: Ten
  • 2003: Five Dedicated to Ozu
  • 2004: 10 on Ten
  • 2005: Tickets
  • 2006: Roads of Kiarostami (Dokumentar-Kuerzfilm)
  • 2007: Kojast jaye residan (Dokumentar-Kuerzfilm)
  • 2007: Chacun son cinéma ou Ce petit coup au cœur quand la lumière s'éteint et que le film commence (Segment Where is my Romeo?)
  • 2008: Shirin
  • 2010: Copie conforme
  • 2012: Like Someone in Love

Um Spaweck

 Commons: Abbas Kiarostami – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 67 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article