factograf
LB

Joer

2014

2014

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2014.

D'Joer 2014 huet op engem Mëttwoch ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

Evenementer

Callicot fir d'Aféiere vum Euro a Lettland ze begréissen.
Callicot fir d'Aféiere vum Euro a Lettland ze begréissen.

Europa

Lëtzebuerg

Afrika

Amerika

USA

Mëttel- a Südamerika

Asien

  • 2. Februar: Parlamentswalen an Thailand.
  • 8. Mäerz: De Fluch MH370 vun de Malaysia Airlines verschwënnt am Indeschen Ozean. Trotz wochelaanger Sich kënne keng Reschter vum Fliger fonnt ginn. Et gëtt ugeholl, datt keen u Bord d'Ongléck iwwerlieft huet.
  • 8. Abrëll-16. Mee: D'Parlamentswalen an Indien gi vun der oppositioneller BJP ënner dem Narendra Modi gewonnen, deen neie Premierminister gëtt.
  • 13. Mee: Bei engem Feier an enger Minière am tierkesche Soma stierwen iwwer 300 Mënschen.
  • 22. Mee: Putsch an Thailand vum Generol Prayuth Chan-ocha, nodeems d'Premierministesch Yingluck Shinawatra de 7. Mee vum Verfassungsgeriicht fir ofgesat erkläert gi war.
  • 29. Mee: D'Presidente vu Russland, Kasachstan a Wäissrussland ënnerschreiwen en Traité fir eng Eurasesch Wirtschaftsunioun ze grënnen.
  • 2. Juni: Telangana gëtt offiziell den 29. Bundesstaat vun Indien.
  • 9. Juli: Presidenteswalen an Indonesien; de Joko Widodo gëtt den 22. Juli zum Gewënner proklaméiert an den 20. Oktober vereedegt.
  • 28. August: De Recep Tayyip Erdoğan gëtt als President vun der Tierkei vereedegt, nodeems hien den 10. August d'Wale fir dat Amt gewonnen hat. De 27. August gëtt den Ahmet Davutoğlu säin Nofollger als Regierungschef.
  • 17. September: Éischt Parlamentswalen no 8 Joer Militärdiktatur op de Fidschi-Inselen.

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Welt an Noen Osten

  • uechtert d'Joer: De Biergerkrich a Syrien geet weider.
  • uechtert d'Joer: De Biergerkrich am Irak geet weider.
  • 8. Juli: Ufank vun der Offensiv Protective Edge vun der israeelescher Arméi géint d'Hamas an aner militant palestinensesch Gruppen an der Gazasträif. Bis de 26. Juli gëtt et iwwer 1000 Doudeger.
  • 24. Juli: De Fuad Massum gëtt vum irakesche Parlament zum Staatspresident gewielt.
  • 22. Dezember: De Beji Caid el Sebsi gëtt am zweeten Tour zum neie President vun Tunesien gewielt.

Katastrophen

2014 hunn eppes méi wéi 12 700 Persounen als Folleg vun techneschen oder natierleche Katastrophen d'Liewe verluer oder goufen als vermësst erkläert, wat an der Geschicht vun de Katastrophen eng vun den niddregsten Zuelen trotz der gréisster Zuel vu Katastrophen an engem Joer ass. Et war mol net d'Hallschent vun 2013, a louch wäit ënner der Joresmoyenne vu 66.000 zënter 1990. Dat déidlechst Evenement war en Äerdbiewen an der chineesescher Provënz Yunnan am August mat op d'mannst 731 Affer.

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Lëtzebuerg

Musek

Kino

  • César fir de beschte Film: Les garçons et Guillaume à table vum Guillaume Gallienne.
  • Oscar fir de beschte Film: Twelve Years a Slave vum Steve McQueen.
  • Gëlle Palm vum Filmfestival vu Cannes fir de beschte Film: Kış Uykusu (en: Winter Sleep) vum Nuri Bilge Ceylan.

Lëtzebuerg

Ekonomie

  • November: En décke Pak bis dohin net bekannte Steier-Accorden tëscht multinationalen Entreprisen an de Lëtzebuerger Steieradministratioun ginn duerch déi sougenannt LuxLeaks via e Grupp vu Journalisten an de Medie bekannt gemaach a léisen eng international Debatt iwwer Steiervermeidung aus.

Wëssenschaft an Technik

Raumfaart

Sport

Lëtzebuerg

  • 5. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel 0:0 géint de Kap Verde.
  • 26. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Genk bei engem Trainingsmatch 1:5 géint d'Belsch, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.
  • 4. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Perugia 1:1 géint Italien, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Maxime Chanot geschoss.
  • 8. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1.1 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lars Gerson geschoss.
  • 9. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Skopje am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:3 géint Mazedonien, d'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Stefano Bensi an den David Turpel geschoss.
  • 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.
  • 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.
  • 4. Dezember: D'Jenny Warling an de Gilles Müller gi Lëtzebuergesch Sportler vum Joer; d'Dëschtennis-Nationalekipp vun den Dammen d'Ekipp vum Joer.

Gebuer

Gestuerwen

François Cavanna
François Cavanna
Robin Williams
Robin Williams
2 images

Um Spaweck

 Commons: 2014 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Read next

In 206 languages

lbаԥсшәаAfrikaansAlemannischአማርኛaragonésالعربيةالدارجةمصرىasturianuаварKotavaazərbaycancaتۆرکجهбашҡортсаBasa BaliBoarischžemaitėškaBikol Centralбеларуская (тарашкевіца)беларускаябългарскиभोजपुरीBanjarবাংলাབོད་ཡིགbrezhonegbosanskiбуряадcatalà閩東語 / Mìng-dĕ̤ng-ngṳ̄нохчийнCebuanoکوردیcorsuqırımtatarcačeštinakaszëbscziчӑвашлаCymraegdanskDeutschZazakidolnoserbskiދިވެހިބަސްΕλληνικάemiliàn e rumagnòlEnglishEsperantoespañoleestieuskaraestremeñuفارسیsuomivõroføroysktfrançaisarpetanNordfriiskfurlanFryskGaeilgeGagauz贛語kriyòl gwiyannenGàidhliggalegoAvañe'ẽGaelgHausa客家語 / Hak-kâ-ngîעבריתहिन्दीFiji HindihrvatskihornjoserbscemagyarհայերենinterlinguaBahasa IndonesiaIlokanoгӀалгӀайIdoíslenskaitaliano日本語la .lojban.JawaქართულიQaraqalpaqshaTaqbaylitKabɩyɛқазақшаಕನ್ನಡ한국어къарачай-малкъарRipoarischkurdîкомиkernowekLatinaлезгиLimburgsLigureLadinlombardlingálaລາວlietuviųlatviešuमैथिलीBasa BanyumasanмокшеньMalagasyолык марийMāoriMinangkabauмакедонскиമലയാളംмонголमराठीкырык марыBahasa MelayuMaltiမြန်မာဘာသာэрзяньمازِرونیNāhuatlNapulitanoNedersaksiesPlattdüütschनेपाल भाषाNederlandsnorsk nynorsknorskNouormandSesotho sa Leboaoccitanlivvinkarjalaଓଡ଼ିଆиронਪੰਜਾਬੀPapiamentupolskiپنجابیportuguêsRuna Simiromânăarmãneashtitarandíneрусскийрусиньскыйсаха тылаsardusicilianuسنڌيdavvisámegiellasrpskohrvatski / српскохрватскиတႆးසිංහලSimple EnglishslovenčinaslovenščinaGagana SamoaanarâškielâchiShonaSoomaaligashqipсрпски / srpskiSeeltersksvenskaKiswahiliślůnskiதமிழ்తెలుగుтоҷикӣไทยTürkmençeTagalogtolışiTürkçeтатарча / tatarçaтыва дылудмуртئۇيغۇرچە / Uyghurcheукраїнськаاردوoʻzbekcha / ўзбекчаvènetoTiếng ViệtWest-VlamsVolapükwalonWinaray吴语მარგალურიייִדישVahcuenghZeêuwsⵜⴰⵎⴰⵣⵉⵖⵜ ⵜⴰⵏⴰⵡⴰⵢⵜ文言閩南語 / Bân-lâm-gí粵語中文isiZulu

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article