D'Melody Funck, gebuer zu Lëtzebuerg, ass eng vun den erfollegräichste lëtzebuergeschen Influencerinnen, déi haaptsechläch Fashion thematiséiert.
Liewen
Si ass d'Meedche vun enger Franséisin an engem Lëtzebuerger an zu Monnerech opgewuess. Si huet hire Lycée am Stater Kolléisch gemaach. 2016 war si eng vun de Kandidatinne bei der Wal fir d'Miss Lëtzebuerg. 2017 huet si bei der Emissioun Generation Art op RTL Télé Lëtzebuerg matgemaach. Bei RTL huet si och duerno e Stage gemaach an do ënner anerem als "Coach" bei der Sendung Famillenduell geschafft, wou si d'Participanten encadréiert huet.
No hirer Schoul zu Lëtzebuerg huet d'Melody Funck Grafikdesign zu Paräis studéiert. Duerno huet si e Master am Management vu Luxusmarken zu Mailand gemaach, wou si och op der Fashion Week gelant ass an do fir déi australesch Websäit Melbourne My Style Fotoe gemaach huet. 2019 huet si déi kuerzlieweg engleschsproocheg Online-Zäitschrëft SNOB lancéiert.
Nodeems se nees zu Lëtzebuerg war, huet d'Melody Funck ugefaangen als Grafikerin ze schaffen. Am September 2020 huet si en éischte Video op TikTok gepost, deen 100.000-mol gekuckt gouf. Déi éischt Videoe waren nach op Englesch, duerno huet si op Franséisch gewiesselt, fir e méi grousse Public an der Regioun ze fannen. E puer Méint méi spéit hat si schonn honnertdausende vu Follower. D'Melody Funck stellt sech dacks als La fille aux robes vir, well si vill sougenannt "Unboxing"-Videoen eropluet, bei deene si Kleeder auspaakt an uprobéiert, déi si am Viraus online bestallt huet.
Am Januar 2024 war si eng vun de véier Co-Moderatore vun der éischter Editioun um Luxembourg Song Contest.
Am Januar 2025 hat si iwwer 855.000 Followers op TikTok, 268.000 op Instagram an 161.000 op YouTube. Si gëtt vun der lëtzebuergescher Marketingsagence Brune vertrueden.