
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem nationalen Turnverband FLGym. Fir de fréieren Turnveräin, kuckt wgl. Gym.
D'Fédération luxembourgeoise de gymnastique, gekierzt FLGym, ass den nationale Verband vun de Turnveräiner zu Lëtzebuerg.
D'FLGym ass den 9. Juli 1899 gegrënnt an de 7. Juli 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn.
Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL, der Fédération internationale de gymnastique (FIG) an der Union européenne de gymnastique (UEG).
Geschicht
Ënner dem Impuls vum Aloyse Kayser gouf de lëtzebuergeschen Turnverband den 9. Juli 1899 zu Esch-Uelzecht als Union des sociétés luxembourgeoises de gymnastique (USLG) gegrënnt.
Op der Generalversammlung vum 28. Mäerz 1998 zu Esch-Uelzecht gouf decidéiert fir den Numm a Fédération luxembourgeoise de gymnastique ëmz'änneren.
Organisatioun
De President vun der FLGym ass de Roby Rollinger.
Fréier Presidenten
- …
- Marc Zanussi (2000-2004)
- …
- Roger Negri
Membere vun der FLGym
- And Be You
- Aspelt Gym Academy
- Athletico Steinfort
- Aurore Oetrange
- Cercle d'éducation physique Strassen
- Cercle de gymnastique Remich
- Club gym Rambrouch
- Dammenturnveräin Housen
- Dolfin gym
- ETV 1889 Esch-Uelzecht
- École de GRS Lëtzebuerg
- Espérance Esch-Uelzecht
- Femmes actives Veianen
- Fit a flott Garnech
- Flic-flac Déifferdeng
- GCG Zens-Gronn
- Grënneschen Turnveräin
- GRS Déifferdeng
- Gym Bouneweg
- gym Maacher
- Junglinster Passion
- Kaizen Parkour Academy
- Avant-garde Rodange
- Espérance Déifferdeng
- Étoile Rëmeleng
- Courageuse, Péiteng
- Liberté Nidderkuer
- Tricolore Eech
- Villageoise Bettenduerf
- Réveil Beetebuerg
- Travail Schëffleng
- Clervalloises Clierf
- Majorettes deLluxembourg
- Mierscher Turnveräin
- No Obstacle
- Nordstad Turnveräin
- Rythmica-Lux
- Rythmo-Cats
- Société de gymnastique Housen
- Société de gymnastique Wolz
- Special Olympics Luxembourg
- Sporting club Bieles
- Sports Loisirs Ëlwen
- Top fit Waasserbëlleg
- Union Diddeleng – Société municipale Diddelenger Turnveräin
- Union sportive Iechternach
- Workout Ballet
Um Spaweck
Commons: Fédération Luxembourgeoise de Gymnastique – Biller, Videoen an Audiodateien
- Websäit vun der Fédération luxembourgeoise de gymnastique
